Wëllkomm bei eis

miyo ass den éischte Kreative Konzeptstore fir Famillgen.
Eng iwwerraschend Plaz, Kompromisslos, ronderëm d'Fantasiewelt vun de Kanner opgebaut. Dir fannt do eng exclusiv Kollektioun vu Gezei fir Kanner,originell Geschenkiddien, Spillsachen aus Kartong an e Raum fir e klengen Tëschenduerch mat der Famill.

miyo ass eng Platz, wou een Zäit verbréngt an sech ameséiert, ouni sech seriö ze huelen. Mir proposéieren Animatiounen, Kreativ Workshoppen an originell Aktivitéiten fir Är Kanner. Si kënnen hiren eegene "Petzi" schaafen oder Bijouen fabrizéieren. Si kënnen esouguer hire Gebuertsdag selwer organséieren an hir Frënn an en Unterseeboot alveden.